Eurovision Song Contest 1966

Den 11. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war de 5. Mäerz 1966 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Villa Louvigny zu Lëtzebuerg. Presentatrice war d'Josiane Shen.

De Gewënner Udo Jürgens, mat der Gewënnerin vum Joer vidrun, France Gall.
11. Eurovision Song Contest
Datum5. Mäerz 1966
StadLëtzebuerg (Lëtzebuerg)
GebaiVilla Louvigny
GewënnerUdo Jürgens (Éisträich)
Zuel vu Länner18
Nei ParticipatiounenKeng
ModeratiounJosiane Shen
Interval ActLes Haricots Rouges
OfstëmmungsreegelA jiddwer Land souzen 10 Jurymemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn.
Villa Louvigny, 2008

D'Zuel vun de Länner ass bei 18 bliwwen.

Als nei Reegel ass 1966 agefouert ginn, dat all Land nëmme Lidder mat Texter a senger eegener Sprooch däerft virdroen. Dat war decidéiert ginn opgrond vum schweedesche Bäitrag am Joer virdrun, dee ganz op Englesch gesonge gouf.

D'Ofstëmmung ass d'selwecht gelaf wéi 1964 a 1965: An all Land souzen 10 Jurysmemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. Wann nëmmen 1 Lidd vun der Jury als bescht gewielt gouf, krut et 9 Punkten, wann 2 Lidder vun der Jury gewielt goufen, krute se 6 an 3 Punkten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Lëtzebuerg iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Éisträich, den Udo Jürgens mat 15 Punkte Virsprong virum Lill Lindfors & Svante Thuresson (Schweden). Déi drëtt Plaz krut d'Åse Kleveland, déi fir Norwegen ugetruede war.

De Gewënner Udo Jürgens hat dräi Joer noenee fir Éisträich beim Grand Prix matgemaach fir bei der drëtter Kéier dann ze gewannen.

Den Domenico Modugno hat fir Italien och dräimol matgemaach (1958, 1959, 1966), huet awer ni gewonnen.

Klassement

änneren
PlazLandInterpretTitelPunkten
1.ÉisträichUdo JürgensMerci, Chérie31
2.SchwedenLill Lindfors & Svante ThuressonNygammal vals eller hip man svinaherde16
3.NorwegenÅse KlevelandIntet er nytt under solen15
4.BelschToniaUn peu de poivre, un peu de se14
4.IrlandDickie RockCome Back to Stay14
6.SchwäizMadeleine PascalNe vois-tu pas?12
7.JugoslawienBerta AmbrožBrez besed9
7.SpuenienRaphaelYo soy aquél9
9.GroussbritannienKenneth McKellarA Man Without Love8
10.DäitschlandMargot EskensDie Zeiger der Uhr7
10.LëtzebuergMichèle TorrCe soir je t'attendais7
10.FinnlandAnn ChristinePlayboy7
13.PortugalMadalena IglesiasEle e ela6
14.DänemarkUlla PiaStop – mens legen er god4
15.HollandMilly ScottFernando en Philippo2
16.FrankräichDominique WalterChez nous1
17.MonacoTérézaBien plus fort0
17.ItalienDomenico ModugnoDio, come ti amo0

Um Spaweck

änneren
Neapel (Italien) Wien (Éisträich)
ESC 1965Eurovision Song ContestESC 1967