Eurovision Song Contest 1967

12. Eurovision Song Contest
Datum8. Abrëll 1967
StadWien (Éisträich)
GebaiGroßer Festsaal der Wiener Hofburg
GewënnerSandie Shaw (Groussbritannien)
Zuel vu Länner17
Nei ParticipatiounenKeng
ModeratiounErika Vaal
Interval ActWiener Sängerknaben
OfstëmmungsreegelA jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.

Den 12. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix de la Chanson) war den 8. Abrëll 1967 an Éisträich. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Grousse Festsall vun der Wiener Hofburg zu Wien. Presantatrice war d'Erika Vaal.

De Festsall, 2007

Dänemark hat sech vum Grand Prix zeréck gezunn (bis 1978), dofir ass d'Zuel vun de Länner op 17 erofgaangen.

E puer Sänger ware schonn emol virdrun eng Kéier dobäi, de Claudio Villa fir Italien 1962, d'Kirsti Sparboe fir Norwegen 1965, an de Raphael fir Spuenien1966.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass nees geännert ginn: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Hallschent vun der Jury huet missen ënner 30 Joer al sinn. D'Jury konnt am Ganze sou maximal 10 Punkte verginn fir dat bescht Lidd. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Wien iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Groussbritannien, d'Sandie Shaw mat 25 Punkte Virsprong virum Sean Dunphy (Irland). Déi drëtt Plaz krut d'Noëlle Cordier, déi fir Frankräich ugetruede war. Et war déi éischt Kéier wou Groussbritannie gewonnen hat, nodeem et bis dohi fënnefmol Zweete gi war.

D'Gewënnerlidd Puppet on a string ass a ganz Europa e groussen Erfolleg ginn, awer och dem Vicky Leandros säi Lidd L'amour est bleu hat grousse Succès.

Klassement

änneren
PlazLandInterpretTitelPunkten
1.GroussbritannienSandie ShawPuppet on a String47
2.IrlandSean DunphyIf I Could Choose22
3.FrankräichNoëlle CordierIl doit faire beau là-bas20
4.LëtzebuergVicky LeandrosL'amour est bleu17
5.MonacoMinouche BarelliBoum Badaboum10
6.SpuenienRaphaelHablemos del amor9
7.BelschLouis NeefsIk heb zorgen8
8.SchwedenÖsten WarnerbringSom en dröm7
8.DäitschlandInge BrückAnouschka7
8.JugoslawienLado LeskovarVse rože sveta7
11.ItalienClaudio VillaNon andare più lontano4
12.PortugalEduardo NascimentoO vento mudou3
12.FinnlandFrediVarjoon – suojaan3
14.HollandThérèse SteinmetzRinge-dinge-ding2
14.ÉisträichPeter HortenWarum es 100.000 Sterne gibt2
14.NorwegenKirsti SparboeDukkemann2
17.SchwäizGéraldineQuel cœur vas-tu briser?0

Um Spaweck

änneren
Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) London (Groussbritannien)
ESC 1966Eurovision Song ContestESC 1968