Stillchen
De Stillchen oder Lomperank (de: Pranger) war en Dispositif fir verurteelt Persounen ëffentlech ze strofen. Et war och den Numm vun der Plaz wou se virum Publikum gestrooft goufen.
Well de Verurteelten op deem Dispositif net nëmmen eleng am Stoen, mä och bei senger Strof duerch Streech, am Sëtzen ausgestallt gouf, gouf dat Instrument zu Lëtzebuerg de Stillchen (klenge Stull) genannt.
Geschichtleches
ännerenAn der Stad Lëtzebuerg stoung de Stillchen um Fëschmaart. E gouf eréischt duerch e Gesetz vum 18. Juni 1879[1] ofgeschaaft.
Literatur
änneren- An der lëtzebuergescher Literatur geet am 3. Gesank vum Michel Rodange sengem Renert vum Stillchen rieds, do wou et heescht:
- Nu gitt an drot dës Buetscheft
- Dem Renert op séng Buerg,
- Datt, wann en net géif kommen,
- Et géing em net méi duerch.
- Da loossen ech e fänken,
- Sai Schlass dat gët besat;
- E gët gestrooft mam Stillchen,
- Mam Gaalgen a mam Rad.
Um Spaweck
ännerenCommons: Pillories – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren🔥 Top keywords: Haaptsäit1652MýkonosSpezial:Rezent ÄnnerungenHydrographieZweete WeltkrichSpezial:SichenLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderCatalogue of Galaxies and of Clusters of GalaxiesGandhiWikipedia:HëllefMyDavid GoldrakeSéminaire d'histoire des sciences et de la médecineNathalie MorgenthalerWikipedia:KontaktLëtzebuerger NationalbibliothéikStater TramWikipedia:Iwwer d'Wiki HowWikipedia:CommunautéitssäitBlue (Film 1968)Lëtzebuerg (Land)BuschtafLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenTrëttoirWikipedia:De StamineeAn American Werewolf in ParisWikipedia:General disclaimerWiki HowSerge TonnarHigh Mobility Multipurpose Wheeled VehicleTom HiddlestonElektrotechnikFichier:Françoise Hardy 1968.jpgMaría FélixRosa ParksChaildMediaWikiPascale Audret