Fabrizio Bernardi

italieeneschen Astronom

De Fabrizio Bernardi, gebuer den 9. Abrëll 1972 zu Pomezia ass en italieeneschen Astronom an Asteroidenentdecker.

Fabrizio Bernardi
Gebuer9. Abrëll 1972
Pomezia
NationalitéitItalien
EducatiounUniversitéit vu Padua
AktivitéitAstronom
Member vunInternational Astronomesch Unioun

De Fabrizio Bernardi huet am Joer 1999 op der Universitéit Padua studéiert an am Joer 2003 huet hien op der Universitéit Tor Vergata zu Roum promovéiert.

Vun 2003-2006 huet hien am IASF Institute (Nationalem Institut fir Astrophysik) op der Universitéit vun Hawaii geschafft, wou hie mam Roy A. Tucker an David J. Tholen, Matentdecker vum äerdnoen Asteroid (99942) Apophis war. De Bernardi huet tëscht 2002 an 2004, zesumme mat Kolleegen, 5 Asteroiden identifizéiert[1]. 2005 huet hien dann och nach am Hawaii Mauna Kea Observatoire de laangperiodege Koméit P / 2005 V1 (Bernardi) entdeckt.

De Bernardi ass Member vun der I.A.U..

Him zu Éiere krut den Asteroid (27983) Bernardi säin Numm.

Hien ass mat der rumänescher Astronomin Maria Ana Teodorescu bestuet. Den Asteroid (65001) Teodorescu2 gouf no hir genannt.

Entdeckt Asteroiden: 7
(65001) Teodorescu 19. Januar 2002
(78123) Dimare 110. Juli 2002
(78309) Alessielisa5. August 2002
(78453) Bullock27. September 2002
(99942) Apophis 219. Juni 2004
2005 VJ1197. November 2005
2002 RQ25 33. September 2001
2002 WP11, 327. November 2002
2003 FB5, 326. Mäerz 2003
1 zesumme mam Andrea Boattini
2 zesumme mam David J. Tholen a Roy Tucker
3 mam Programm CINEOS

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Minor Planet Discoverers