Mauna Kea-Observatoire

Op 4.200 Meter Héicht um Vulkan Mauna Kea op Hawaii, der gréisster Insel vum Archipel, steet ee vun de bedeitendsten astronomeschen Observatoire vun eiser Zäit. Obwuel d'Teleskopen um Mauna Kea vu verschiddenen Universitéiten an Institutiounen aus 11 Natioune bedriwwe ginn, gi si kollektiv als Mauna Kea-Observatoire bezeechent.

D'Kuppele vum Subaru-Teleskope, déi zwéi Keck-Teleskopen an den IRTF um Mauna Kea

D'Plaz vum Observatoire ass fir de Betrib ideal, well op där Héicht d'Loft schonn zimmlech dënn ass an extreem dréchen (eng Viraussetzung fir Infraroutastronomie), a well d'Spëtzt vum Bierg normalerweis iwwer de Wolleke läit. D'Qualitéit vun astronomesche Fotoen ass doduerch méi héich.

Tëscht 1968 an 1999 goufen am Ganzen néng Spigelteleskope fir den opteschen an infraroude Spektralberäich a Betrib geholl, dorënner d'Gemini North- an d'Subaru-Teleskop mat engem Haaptspigel vu jee aacht Meter Duerchmiesser, souwéi déi zwee Teleskope vum W. M. Keck Observatoire, déi een (aus ville klenge sechseckege Segmenter zesummegesaten) Haaptspigel vun 10 Meter Duerchmiesser hunn a bis Juli 2007 déi gréisst optesch Teleskope vun der Welt duerstellen. Si goufen duerch d'Gran Telescopio Canarias mat engem Spigelduerchmiesser vun 10,4 m ofgeléist.Déi béid Teleskope kënnen och zesummen als opteschen Interferometer bedriwwe ginn.

Nieft den opteschen Teleskope gëtt et och dräi Instrumenter fir de Submillimeter-Beräich (Mikrowellen). D'Submillimeter Array besteet aus aacht Antennen mat engem Duerchmiesser vu jee sechs Meter a gouf eréischt am Joer 2002 fäerdeg. Um Mauna-Kea steet och nach ee Radioteleskop vu 25 Meter Duerchmiesser, dat zesumme mat anere Radioteleskope weltwäit als radioastronomeschen Interferometer zum Asaz kënnt.

Teleskopen um Mauna Kea
TeleskopDuerchmiesserAartBedreiwerZanter
UH 0.6m0,6 mOpteschUniversitéit vun Hawaii1968
UH 2.2m2,2mOptesch/InfraroutUniversitéit vun Hawaii1970
United Kingdom Infrared Telescope UKIRT3,8mInfraroutGroussbritannien1979
NASA Infrared Telescope Facility IRTF3,0mInfraroutNASA1979
Canada-France-Hawaii Telescope CFHT3,6mOptesch/InfraroutKanada, Frankräich, Univ. Hawaii1979
Caltech Submillimeter Observatory CSO10,4mSubmillimeterCaltech, NSF1987
James Clerk Maxwell Telescope JCMT15mSubmillimeter, MillimeterGroussbritannien, Kanada, Holland1987
Eng Antenn vum Very Long Baseline Array25mRadioNRAO, AUI, NSF1992
Keck I10mOptesch/InfraroutCaltech, Universitéit vu Kalifornien1992
Keck II10mOptesch/InfraroutCaltech, Universitéit vu Kalifornien1996
Subaru-Teleskop8,2mOptesch/InfraroutNOAJ (Japan)1999
Gemini-Nord8,1mOptesch/InfraroutGemini-Observatoire1999
Submillimeter Array SMA8 * 6mSubmillimeter-InterferometerSmithsonian Astrophysical Observatory, Taiwan2002

Kuckt och änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Maun-Kea-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien