Eurovision Song Contest 1972

De 17. Eurovision Song Contest war de 25. Mäerz 1972 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Usher Hall zu Edinburgh. Presantatrice war d'Moira Shearer. Groussbritannie huet d'Organisatioun vum Grand Prix iwwerholl, obwuel et eigentlech un der Rei vu Monaco gewiescht wier. Et war fir Monaco awer net méiglech fir sou eng grouss Veranstaltung z'organiséieren.

17. Eurovision Song Contest
Datum25. Mäerz 1972
StadEdinburgh (Groussbritannien)
GebaiUsher Hall
GewënnerVicky Leandros (Lëtzebuerg)
Zuel vu Länner18
Nei ParticipatiounenKeng
ModeratiounMoira Shearer
Interval ActTatto at Edinburgh Castle
OfstëmmungsreegelAn der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land op d'mannst 1 Punkt, héchstens 5 Punkte ginn.
D'Vicky Leandros, 2008
Usher Hall zu Edinburgh, 2011

D'Zuel vun de Länner ass d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun, nämlech 18.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Vicky Leandros fir Lëtzebuerg 1967, de Carlos Mendes fir Portugal 1988, d'Grupp Family Four fir Schweden 1971 an d'Tereza Kesovija fir Monaco 1966.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung war déi selwecht wéi dat Joer virdrun: An der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land mindestens 1 Punkt, héchstens 5 Punkte ginn. D'Jury konnt sou am Ganze maximal 10 Punkte vergi fir dat bescht Lidd, wat an dësem Joer awer net all Land gemaach huet. D'Jurye waren op der Plaz dobäi an hunn d'Resultater zum Schluss op der Bün bekannt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Lëtzebuerg, d'Vicky Leandros mat 14 Punkte Virsprong virun de New Seekers (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Mary Roos, déi fir Däitschland ugetruede war.

Fir Lëtzebuerg war et schonn déi drëtt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. D'Gewënnerlidd vun der Vicky Leandros ass europawäit e grousse Succès ginn, awer och d'Lidd vun der Grupp New Seekers (2. Plaz) hat vill Erfolleg.

Klassement änneren

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.LëtzebuergVicky LeandrosAprès toi128
2.GroussbritannienNew SeekersBeg, Steal or Borrow114
3.DäitschlandMary RoosNur die Liebe läßt uns leben107
4.HollandSandra & AndresAls het om de liefde gaat106
5.ÉisträichMilestonesFalter im Wind100
6.ItalienNicola di BariI giorni dell'arcobaleno92
7.PortugalCarlos MendesA festa da vida90
8.SchwäizVéronique MüllerC'est la chanson de mon amour88
9.JugoslawienTereza KesovijaMuzika i ti87
10.SpuenienJaime MoreyAmanece83
11.FrankräichBetty MarsCome-comedie81
12.FinnlandPäivi Paunu & Kim FloorMuistathan78
13.SchwedenFamily FourSmåting75
14.NorwegenGrethe Kausland & Benny BorgGoeiemorgen, morgen73
15.IrlandSandie JonesCeol an ghrá72
16.MonacoAnne-Marie Godart & Peter McLaneComme on s'aime65
17.BelschSerge & Christine GhisolandA la folie ou pas du tout55
18.MaltaHelen & JosephL-imhabba48

Um Spaweck änneren

Dublin (Irland) Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
ESC 1971Eurovision Song ContestESC 1973