Südlech Sandwichinselen

Archipel am Südatlantik
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Archipel am Südatlantik. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sandwichinselen (Homonymie).


D'Südlech Sandwichinselen (Englesch: South Sandwich Islands Spuenesch: Islas Sandwich del Sur) ass en Archipel dee politesch zum britteschen Iwwerséigebitt Südgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen gehéiert. Grad wéi fir d'Falklandinselen, gëtt säi Besëtz awer vun Argentinie revendiquéiert.

Südlech Sandwichinselen
Geographie
LandVereenegt Kinnekräich
Läit an/amAtlanteschen Ozean, Scotiamier
Gehéiert zuSüdgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen
Koordinaten57°45'S, 26°30'W
Fläch310 km²
Héchste PunktMount Belinda (1.370 m)
Verwaltung
VerwaltungseenheetSüdgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen
Demographie
Aner Informatiounen
Entdeckt1775
Genannt noJohn Montagu, 4. Earl of Sandwich
ZäitzonUTC−4

Den Archipel läit am Scotiamier am Südatlantik, südëstlech vu Südgeorgien a besteet aus follgenden Inselen:

Insel (Spueneschen Numm)Fläch (km²)Héchste Punkt(m)Koordinaten
Traversayinselen
Zavodovski Island25Mount Curry55056° 18’ 56’’ S 27° 35’ 0’’ W
Leskov Island0,30Rudder Point19056° 40’ 00’’ S 28° 06’ 0’’ W
Visokoi Island35Mount Hodson91556° 42’ 00’’ S 27° 12’ 0’’ W
Candlemasinselen (deels och zu den Traversayinselen gerechent)
Candlemas (Candelaria)14Mount Andromeda55057° 06’ 00’’ S 26° 43’ 0’’ W
Vindication (Vindicación)5Quadrant Peak43057° 07’ 0’’ S 26° 49’ 0’’ W
Zentral geleeën Inselen
Saunders Island40Mount Michael99057° 48’ 0’’ S 26° 29’ 0’’ W
Montagu Island (Jorge)110Mount Belinda1.37058° 27’ 0’’ S 26° 22’ 0’’ W
Bristol Island (Blanca)[1]46Mount Darnley1.10059° 01’ 0’’ S 26° 32’ 0’’ W
Südlech Thuleinselen
Bellingshausen1Basilisk Peak25559° 25’ 0’’ S 27° 05’ 0’’ W
Cook Island20Mount Harmer1.11559° 26’ 0’’ S 27° 11’ 0’’ W
Morrell-Insel (Tule del Sur)[2]14Mount Larsen71059° 26’ 0’’ S 27° 22’ 0’’ W
Südsandwichinseln310,3Mount Belinda1.370

Ursprong vum Numm änneren

Déi dräi nërdlechst Inselen (Traversayinselen) goufen 1819 vum russesche Séifuerer Fabian Gottlieb von Bellingshausen entdeckt. Scho Jore virdrun, ëm 1775, hat de brittesche Séifuerer James Cook déi südlech Inselen entdeckt. Den Numm vun der ganzer Inselkette geet op den engleschen Admirol John Montagu (1718-1792) zeréck. Den Zousaz „südlech“ war néideg, well den James Cook 1778 dat haitegt Hawaii entdeckt hat, an deem seng Inselen hie sengerzäit och schonn „Sandwichinselen“ genannt hat.

Um Spaweck änneren

Commons: Südlech Sandwichinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. mat den Nieweninselen Grindle Rock (0,30 km²), Wilson Rock (0,33 km²) a Freezland Rock (0,32 km²)
  2. mat der Nieweninsel Twitcher Rock (0,01 km²)