Apus (Stärebild)

Stärebild

De Paradäisvull, op Latäin Apus, ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Apus
Lëtzebuergeschen NummParadäisvull
Laténgeschen NummApus
Laténgesche GeenitivApodis
Laténgesch OfkierzungAps
Rektaszensioun13h 50m bis 18h 27m
Deklinatioun-67°30´ bis -83°05´
Fläch206 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden7° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stärenzuel mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
[[γ Apodis,
3,83m
Meteorstréim 
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerrzäresënn)
Triangulum Australis
Circinus

Musca
Chamaeleon
Octans
Pavo
Ara

Kaart vum Stärebild Paradäisvull
Kaart vum Stärebild Paradäisvull
Stéch vum Stärebild Paradäisvugel
Stéch vum Stärebild Paradäisvugel

Beschreiwung änneren

Den Apus ass een onscheinbaart Stärebild an der Géigend vum südlechen Himmelspol. Mëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. D'Stärebild soll en tropesche Vull duerstellen.

Geschicht änneren

Den Apus war eent vun den zwielef Stärebiller déi um Enn vum 16. Joerhonnert vum Petrus Plancius op Bassis vun Observatioune vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman opgezeechent gouf. Stäredild gouf fir d'éischt 1597 oder 1598, op engem Himmelsglobus duergestallt, deen zu Amsterdam erauskoum, a vum Petrus Plancius a Jodocus Hondius opgestallt gi war. De Johannes Bayer huet déi Konstellatioun ënner dem Numm Avis Indica (Indische Vull) 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria opgeholl.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

BFNummmMLjSpektralklass
α3,88-1,67411K5 III
γ3,860,41160K0 IV
β4,230,81158K0 III
δ14,68-2,17770M5 IIIb
ζ4,76-0,14312K1 III
η4,891,73140A2m
ε5,06-0,18551B4 V
δ25,27-1,27660K3 III
R5,37-0,22428K4 III
ι5,39-2,341150B9 V + B9 V
κ15,40-2,071020B3 IVe + K5 IV
θ5,500,48328M6.5 III
HR 61355,50-1,80940K1 III CN
κ25,64735B7 III + K0 V

Den hellste Stär am Paradäisvull ass den α Apodis. Hie läit 410 Liichtjoer vun eis ewech an ass e Roude Ris mat der fënneffacher Mass vun eiser Sonn.

Duebelstären änneren

SystemmOfstand
δ4,68/5,27102,9 "
κ15,43/1227"
κ25,64/12,515"

Den δ Apodis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 663 Liichtjoer. Déi hellste Komponent ass ee roude Ris mat der Spektralklass M5 III, dee seng Hellegkeet ouni erkennbar Period verännert. Déi zweet Komponent ass ee Stär, deen orange liicht an d'Spektralklass K3 III huet. D'System huet e wäite Wénkelofstand vun 102,9 Bousekonnen an ass gutt z'observéieren.

Verännerleche Stär änneren

StärmPeriodTyp
δ14,66 bis 4,87onreegelméisseg Verännerlechen
ε5,06 +- 0,05Gamma-Cassiopeiae-Stär
κ15,43 bis 5,61Gamma-Cassiopeiae-Stär
θ5,69 +- 0,56119 Deeghallegreegelméisseg Verännerlechen

Den ε Apodis ass e verännerleche Stär. Hien ass 551 Liichtjoer vun eis ewech an ass vum Typ Gamma-Cassiopeiae. Seng Hellegkeet huet kleng Schwankungen ëm 0,05 Gréissteklassen.

Den θ Apodis ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a gehéiert zu der Spektralklass M. Seng Hellegkeet variéiert an enger Period vun 119 Deeg tëscht 5,5 a 6,6 mag.

NGC-Objeten änneren

NGCdiversmTypNumm
5612Galaxie
5799Galaxie
61019,0Kugelstärekoup

Kuckt och änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Apus – Biller, Videoen oder Audiodateien