Tali Golergant

lëtzebuergesch Sängerin, Lidderschreiwerin, Schauspillerin a Gesangsléierin

D'Tali Golergant, gebuer de 26. November 2000 zu Jerusalem, Israel, bekannt als Tali, ass eng lëtzebuergesch Sängerin, Lidderschreiwerin, Schauspillerin a Gesangsléierin. 2024 huet si Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest zu Malmö mat hirem Lidd Fighter representéiert, a koum do op déi 13. Plaz vu 25.

Tali Golergant
Gebuer26. November 2000
Jerusalem
NationalitéitLëtzebuerg
EducatiounInternational School of Luxembourg,
Marymount Manhattan College
AktivitéitSänger, Schauspiller, Dänzer

Liewen a Karriär änneren

D'Tali gouf zu Jerusalem als Duechter vun engem jiddesche Papp aus dem Peru an enger israeelescher Mamm gebuer[1]. Wéinst hirem Papp senger Aarbecht ass d'Famill wärend hirer Kandheet e puermol geplënnert. No 5 Méint an Israel hu se 4 Joer am Chile an duerno 7 Joer an Argentinie gelieft, ier se sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn. D'Tali huet am Alter vu siwe Joer geléiert Piano ze spillen a mat 12 huet se ugefaange mat sangen, Theater ze spillen a Lidder ze schreiwen[2].

Nom Ofschloss op der International School of Luxembourg ass d'Tali an d'USA gaange fir Musekstheater um Marymount Manhattan College zu New York City ze studéieren[3] Si spillt reegelméisseg mat hirer Band op verschiddene Plazen zu New York[4]. Am Joer 2020 huet se hir éischt Single erausbruecht, Temporary, gefollegt 2021 vun hirer éischter EP, lose you .

Nieft hirer Aarbecht als Sängerin schafft si och als Gesangsproff, spillt am Theater a bei Musicals mat an hat eng Roll am Kuerzfilm Agua [4].

Am Dezember 2023 gouf d'Tali bei der Lëtzebuerger Virauswiel fir den Eurovision Song Contest 2024 als ee vun den 8 Finaliste beim Luxembourg Song Contest (LSC) selektionéiert a koum an der Finall de 27. Januar 2024 an der Rockhal op déi éischt Plaz. Beim Eurovision Song Contest zu Malmö, wou si den 11. Mee 2024 Lëtzebuerg mat hirem Lidd Fighter representéiert huet[5], gouf si déi 13. (vu 25).

Discographie änneren

E.P. änneren

  • 2021: lose you

Singelen änneren

  • 2020: Temporary
  • 2020: By the Ivory
  • 2020: Mountains Between Us
  • 2021: lose you
  • 2021: at all
  • 2022: Garden of Eden
  • 2023: dancing alone
  • 2024: Fighter

Biller änneren

Bei der Generalprouf vun der Halleffinall vum ESC zu Malmö

Um Spaweck änneren

Commons: Tali Golergant – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. אבי זייקנר: "אני גאה להיות ישראלית": ראיון עם הזמרת שעשויה לייצג את לוקסמבורג באירוויזיון. In: Euromix.co.il. Fr._Jan.2024u131 JJJJ (hebräesch).
  2. Meet Tali Golergant. In: CanvasRebel. Do._Dez.2023u1231 JJJJ (englesch).
  3. Voices (ISL Stories) - Meet Tali. In: International School of Luxembourg. (englesch).
  4. 4,0 4,1 TALI will front Luxembourg's return to Eurovision with 'Fighter'. In: Eurovision.tv. (englesch).
  5. Benjamin Hertlein: Luxemburgs Beitrag für den ESC 2024: „Fighter“ von TALI. In: Esc-kompakt.de. Sa._Jan.2024u131 JJJJ.