Stellenbosch

Stad a Südafrika


Stellenbosch (afrikaans: [stɛləmˈbos], [ˈstɛləmbos]) ass eng Stad an der Provënz Westkap an der Republik Südafrika. Et ass no Kapstad déi eelts Siidlung déi Europäer am haitege Südafrika gegrënnt hunn. 2011 hat d'Stad 19.068 Awunner.

Stellenbosch
LandSüdafrika
ProvënzWestkap
Administrativ EenheetStellenbosch
Grënnung1679
Fläch8,24 km²
Héicht136 m
Koordinaten33°56'12"S, 18°51'41"O

Geographie änneren

Stellenbosch läit eng ronn 50 Kilometer ëstlech vu Kapstad um Floss Eerste Rivier, 114 Meter iwwer dem Mier. Et ass d'Haaptuertschaft vun der Gemeng mam selwechten Numm zu där och d'Uertschafte Franschhoek a Pniel souwéi d'Townships Khayamandi, Ida’s Valley a Cloetesville gehéieren.

D'Stad läit an enger Bierglandschaft mat fruchtbaren Däller. D'Ëmgéigend gëtt landwirtschaftlech exploitéiert a gehéiert zu de gréisste Wäibaugebidder a Südafrika.

Referenzen änneren