Rue Sainte-Zithe

D'Rue Sainte Zithe ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vum Boulevard de la Pétrusse a südëstlecher Richtung laanscht de Rousegäertchen bis bei d'Paräisser Plaz.

Rue Sainte Zithe
Nummlb: Zithastrooss
fr: Rue Sainte Zithe
Fréieren Nummfr: Rue Munkácsy
op der Hollerecher (westlecher) Säit
Längtca. 470 m
LandLëtzebuerg
GemengLëtzebuerg
UertschaftLëtzebuerg
QuartierGare
Postcode2763
Koordinaten49° 36’ 18.0’’ N
      06° 07’ 42.5’’ O

Geschicht änneren

Wéi Hollerech nach eng eegestänneg Gemeng war, huet d'Zithastrooss d'Grenz gemaach tëscht Hollerech an der Stad; op der Stater Säit huet d'Strooss awer Rue Munkácsy geheescht. An de Joren no der Gemengefusioun (1920) ass d'Bezeechnung rue Munkácsy verschwonnen. De 16. Mee 1925 huet de Stater Gemengerot confirméiert, datt déi zwou Säite vun der Strooss den Numm Zithastrooss droe géifen[1].

D'Strooss ass benannt no der Helleger Zitha (1218 - 1278), der Patréinesch vum Déngschtpersonal an den Haushälterinnen.

Gebaier änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue Sainte-Zithe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. R. Link: Un célèbre artiste dans sa ville: la "Rue Munkácsy" à Luxembourg. In: Galerie 27 (2009), No 3, S. 337-354.