Réimesch Zuelen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi réimesch Zuele bestinn aus dëse Buschtawen:
- I = 1
- V = 5
- X = 10
- L = 50
- C = 100
- D = 500
- M = 1000
Aner Zuelen ginn aus deenen eenzelen Zeechen zesummegesat. Wa méi eng kleng Zuel hanner enger méi grousser steet, oder wa se de selwechte Wäert huet da gëtt se derbäigezielt, wann déi méi kleng virdru steet, da gëtt se ofgezielt.
Beispiller:
- II = 2 (1+1);
- XXX = 30 (10+10+10);
- VIII = 8 (5+1+1+1);
- MDCCCLXXVII = 1877 (1000+500+100+100+100+50+10+10+5+1+1);
- IX = 9 (10-1);
- XC = 90 (100-10);
- MDCCLXXIX = 1789 (1000+500+100+100+50+10+10+10-1)
- MCMXLIX = 1949 (1000+1000-100+50-10+10-1)
- MMXI = 2011 (1000+1000+10+1)
E Chronogramm ass e Saz, Vers oder Sproch, deen eng Zuel ausdréckt. Hei ginn déi Zuelen, déi duerch eng réimesch Ziffer ausgedréckt sinn, einfach zesumme gezielt.
Beispill:
- wIkI: "e froVe ChresChtDag, zefrIDDenheet an e gLéCkLeCht neIt Ioer"
- I + I + V + C + C + D + I + D + D + L + C + L + C + I + I = 2010
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Réimesch Zuelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitSpezial:Rezent ÄnnerungenSpezial:SichenMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Wikipedia:HëllefZweete WeltkrichPierre-Marc KnaffBlue (Film 1968)Wikipedia:CommunautéitssäitSchabloun:Navigatioun Memberstaaten AUTunesienLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderBenotzer Diskussioun:RobbyZesummen - d'BréckCanton de Tarbes-3NiklosbiergKategorie:Membere vun der LeopoldinaLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmDomaine publicWikipedia:Iwwer d'Wiki HowLettlandWikipedia:General disclaimerWikipedia:KontaktWiki HowRob DeltgenTierkeiLëtzebuerg (Land)Vereenegt Staate vun AmerikaWikipedia:De Staminee/Archiv 2022Bulgarien2011Ed LauterVëlospist PC1Wikipedia:PortalerJang de BlannenSchabloun:CommonscatLëtzebuergeschBarockWikipedia:Aktualitéit