Marie-José Nat

franséisch Schauspillerin

D'Marie-José Nat, gebuer als Marie-Jose Benhalassa den 22. Abrëll 1940 zu Bonifacio op Korsika a gestuerwen den 10. Oktober 2019 zu Paräis, war eng franséisch Schauspillerin.

Marie-José Nat
GebuertsnummMarie-José Benhalassa
Gebuer22. Abrëll 1940
Bonifacio
Gestuerwen10. Oktober 2019
9. Arrondissement
DoudesursaachKriibs
NationalitéitFrankräich
EducatiounCours Simon
AktivitéitSchauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet matSerge Rezvani, Roger Dumas, Michel Drach
Liewenspartner(in)Victor Lanoux

D'Marie-José Nat gouf bekannt duerch hir Roll als Meedche vum Jean Gabin am Film Rue des prairies (1959) vum Denys de La Patellière. Aner wichteg Filmer an deene si matgespillt huet sinn: Amélie ou le temps d'aimer (1961), Élise ou la vraie vie (1970) a Les violons du bal (1974) allen dräi vun hirem deemolege Mann Michel Drach, net ze vergiessen déi zwéi Filmer vum André Cayatte Jean-Marc ou La vie conjugale (1963) a Françoise ou La vie conjugale(1963).

Filmographie änneren

Auszeechnungen änneren

  • 1974: Festival de Cannes - Bescht Schauspillerin am Film Les violons du bal.

Bicher änneren

  • Marie-Jose Nat: Je n'ai pas oublié - Désormais, tu t'appelleras Nat - Edit. Plon, 2004.

Um Spaweck änneren

Commons: Marie-José Nat – Biller, Videoen oder Audiodateien