Meter

Längtemooss
(Virugeleet vu(n) Km)

De Meter (v. griich.: μέτρον/métron = Mooss, -miesser) ass d'SI-Basisunitéit vun der Längt. D'Eenheetenzeeche vum Meter ass m an d'Formelzeeche vun der Längt ass l.

Aktuell Definitioun änneren

De Meter ass definéiert als „déi Distanz, déi d'Liicht am Vakuum an enger Zäit vun 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet“.

Al Definitiounen änneren

Am 17. Joerhonnert gouf et déi éischt Iwwerleeungen, eng universell Längteneeenheet ze definéieren, déi onofhängeg vun engem Kierperdeel (Iel, Fouss) vun deem Herrscher wier, dee grad un der Muecht war. Den Abbé Jean Picard huet zum Beispill 1668 proposéiert, d'Längt vun engem Pendel ze huelen, deem seng hallef Period 1 Sekonn wier. De Begrëff Meter gouf fir d'éischt vum Tito Livio Burattini am Joer 1675 gebraucht.

Ee vun de wéinegen erhalenen ëffentleche Meteren, déi 1795 installéiert goufen, zu Paräis an der Rue Vaugirard an den eenzegen deen nach nach op der Originalplaz ass

Am Joer 1793 gouf de Meter dunn als de 40-milliounsten Deel vun der Längt vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, deemno op den zéngmilliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis zum Equator, festgeluecht. Am Joer 1795 gouf e Prototyp vun dësem Meter a Messeng, 1799 als Urmeter a Platin gegoss. Fir d'Längt vum Urmeter ze definéieren, hunn de Jean Baptiste Joseph Delambre an de Pierre Méchain tëscht 1792 a 1799 de Meridianbou tëscht Dunkerque a Barcelona vermooss. Spéider ass erausfonnt ginn, datt se sech liicht vermooss haten, de Meter deemno ëm 0,2 mm ze kuerz gerode war.

Per Gesetz gouf de Meter a Frankräich 1795 duerchgesat. Dofir goufen op ëffentleche Plazen a Stee gravéiert Linne vun engem Meter Längt opgehaangen, fir datt d'Leit kéinten nomoossen a kontrolléieren, wéi grouss dat da wier.

Internationale Meterprototyp, Standardbarren aus Platin-Iridium. Dëse war de Standard bis 1960 (NIST).

1889 gouf vum an der Tëschenzäit gegrënntene Bureau International des Poids et Mesures en neie Standard agefouert. Dofir gouf en Internationale Meterprototyp fabrizéiert, e Staf, dee queesch gekuckt an x-Form war, aus engem Platin-Iridiumalliage an de Proportiounen 90:10. Ee Meter gouf festgeluecht als Distanz tëscht 2 Strécher op deem Staf, bei enger Temperatur vun 0 °C. Vill Staaten op der Welt krute Kopien dovun.

Vun 1960 bis 1983 war ee Meter dat 1.650.763,73-facht vun der Wellelängt vun der Stralung am Vakuum, déi vun Atome vum Krypton-86 Nuklid beim Iwwergank vum Zoustand 5d5 zum Zoustand 2p10 ausgestraalt gëtt.

Well d'Zäit ëmmer méi prezis gemooss konnt ginn, ass d'Definitioun vum Meter un dës gebonne ginn: Zanter 1983 gëtt en als déi Distanz definéiert, déi d'Luucht am Vakuum an enger Zäit vun 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet.

Moosseenheeten, déi vum Meter ofgeleet ginn änneren

  • Ee Kilometer, ofgekierzt km, entsprécht 1.000 Meter: 1 km = 103m.
  • Een Zentimeter, ofgekierzt cm, entsprécht dem Honnertstel vun engem Meter: 1 cm = 10−2 m oder 0,01 m.
  • Ee Millimeter, ofgekierzt mm, entsprécht dem Dausendstel vun engem Meter: 1 mm = 10−3 m oder 0,001 m.
  • Ee Mikrometer (viraals och Mikron oder My, nom griichesche Buschtaf µ), ofgekierzt µm, entsprécht dem Milliounstel vun engem Meter: 1 µm = 10−6 m = 0,000 001 m. Oder 1 µm = 10−3 mm, also een dausendstel Millimeter.
  • Een Nanometer, ofgekierzt nm, entsprécht dem Milliardstel vun engem Meter: 1 nm = 10−9 m. Oder 1 nm = 10−6 mm, also ee milliounstel Millimeter.
  • Een Ångström (Eenheetenzeechen: Å), ass den zéng-milliardstel Deel vun engem Meter 1 Å = 10−10 m.
  • Ee Pikometer, ofgekierzt pm, entsprécht dem Billiounstel vun engem Meter: 1  pm = 10−12 m.
  • Ee Femtometer (Eenheetenzeechen: fm), ass de billiardstel Deel vun engem Meter an ee Billiounstel vun engem Millimeter 1 fm = 10−15 m.

Dezimal Diversitéiten änneren

BezeechnungEenheetFaktorDiversitéitBemierkung
YottameterYm10240 
ZettameterZm10210 
ExameterEm10180 
PetameterPm10150 
TerameterTm10120 
GigameterGm10901.000.000 km
MegameterMm10601.000 kmgëtt an der Ozeanologie gebraucht
Myriameter104010 kmvereelzt, kuckt Myriametersteen
Kilometerkm10301.000 m
Hektometerhm1020100 mVirun allem bei der Artillerie a bei der Marinn gebraucht
Dekameterdam101010 m
Meterm100Grondmooss
Dezimeterdm10−110 cm
Zentimetercm10−210 mm
Millimetermm10−31.000 µm10 Millimeter sinn 1 Zentimeter.
Mikrometerµm10-600,001 mmvereelzt Bezeechnung fir: Mikron.
Nanometernm10-90Entsprécht engem Milliardstel Meter (engem Milliounstel Millimeter).
ÅngströmÅ10−10100 pmgebräichlech an der Atomphysik an an der Kristallographie
Pikometerpm10−12Entsprécht engem Billiounstel Meter (engem Milliardstel Millimeter).
Femtometerfm10−15Ënner der vereelzter Bezeechnung Fermi an der Kärphysik an an der Deelerchersphysik gebräichlech.
Attometeram10−18
Zeptometerzm10−21
Yoctometerym10−24

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Meter – Biller, Videoen oder Audiodateien