Java, (op Indoneesesch: Jawa) ass eng vun de véier Grousse Sundainselen an der Republik Indonesien (déi aner si Sumatra, Borneo a Sulawesi).

lénks, de Vulkan Bromo, hanne riets, de Semeru.
Administrativ Kaart

Déi indoneesesch Haaptstad Jakarta läit op Java.

Java ass 126.650 Quadratkilometer grouss; mat de méi klengen, virgelagerten Insele wéi Madura sinn et 132.107 Quadratkilometer. Et huet eng 130 Milliounen Awunner (Stand 2006), méi wéi all aner Insel op der Äerd. Mat iwwer 1000 Awunner pro Quadratkilometer huet se eng vun den héchste Bevëlkerungsdichten op der Welt. Jakarta eleng huet iwwer 10 Milliounen Awunner. Mëttlerweil ass et mat de Nopeschstied Bogor, Depok, Tangerang a Bekasi zesummegewuess, woufir alt "Jabodetabek" (aus den Ufankssilben zesummegesat) gesot gëtt.

D'Insel ass ausseruerdentlech fruchtbar. Am Weste gëtt et nach e puer méi kleng Dschungelflächen, iwwerdeems et no Osten hin no an no méi dréche gëtt. Bal all ondebaut Teraine gi landwirtschaftlech benotzt. Nieft Kaffi, Tubak a Mais ass et virun allem de Räis, deen op groussen Terrassen ugabaut gëtt.

D'Insel ass dominéiert duerch eng Kette vun 38 deels aktiven, deels net méi aktive Vulkaner. Déi bekanntst sinn de Bromo (2329 Meter), de Merapi (ca. 2985 Meter), ee vun de geféierlechste Vulkaner op der Welt, an den 3676 Meter héijen Semeru. De Solo ass, mat ronn 600 Kilometer, dee längste Floss op der Insel.

Administrativ ass Java an d'Provënze Banten, Jawa Barat (Westjava), Jawa Tengah (Zentraljava), Jawa Timur (Ostjava) an an d'onofhängegt Fürstentum Yogyakarta agedeelt. Jakarta ass direkt der Zentralregierung ënnerstallt.

Stied änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Java – Biller, Videoen oder Audiodateien