Irregulär Galaxie
Galaxientyp
Irregulär Galaxien, d. h. onreegelméisseg Galaxien, hu weeder Spiraläerm, wéi d'Spiralgalaxien, an hunn och keng elliptesch Form wéi elliptesch Galaxien. Si loosse sech dofir net an d'Hubble-Sequenz areien, mä maachen eng Extraklass, déi mat Ir oder Im (engl.) ofgekierzt gëtt.Hinne feelt och e Galaxiëkär, se hunn dofir awer onreegelméisseg verdeelt kleng Verdichtungen. Si hunn och manner Mass (tëscht 700 Mio. an 130 Mrd. Sonnemassen[1]) an en däitlech méi klengt Gravitatiounspotential wéi regulär Galaxien.
Irregulär Galaxië sinn an der Moyenne méi liichtschwaach wéi regulär Galaxien an hu vill Gas, Stëbs a jonk Stären, déi och onreegelméisseg verdeelt sinn.
Déi bekanntst Vertrieder vun där Aart sinn déi zwou Magellanesch Wolleken
Kuckt och änneren
Literatur änneren
- Joachim Krautter et al.: Meyers Handbuch Weltall, 7. (nei opgemaachen) Oplo, ISBN 3-411-07757-3, S. 469, 470
Um Spaweck änneren
Commons: Irregular galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
🔥 Top keywords: HaaptsäitSpezial:Rezent ÄnnerungenBulgarienMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Spezial:SichenAmalia vu Sachsen-Weimar-EisenachWikipedia:CommunautéitssäitZweete WeltkrichZesummen - d'Bréck3. FebruarWikipedia:Iwwer d'Wiki HowTréierEugène MoussetWikipedia:De StamineeLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderWikipedia:KontaktWiki How14. DezemberPierre-Marc KnaffWikipedia:HëllefKategorie:Membere vun der Académie des beaux-arts (Frankräich)Lëtzebuerg (Land)Blue (Film 1968)EuroBenotzer Diskussioun:RobbyStater TramPol LeursWilliam BouguereauAna Correia da VeigaNationale VëlosreseauWikipedia:WëllkommDe FeierwonRaymond Petit (Resistenzler)Wikipedia:AktualitéitWikipedia:General disclaimerFeilEd LauterBrigitte BierleinPortal:Musek