Inception

US-amerikanesche Film

Inception ass en US-amerikanesche Science-fiction Action-Film vum Christopher Nolan[1][2]. Den Nolan huet och d'Dréibuch geschriwwen an de Film, zesumme mat senger Fra Emma Thomas, produzéiert.

Inception
Film
ProduktiounslandVereenegt Kinnekräich,
USA
Première8. Juli 2010
Dauer148 min
FaarfFaarweg
Format2,39:1
Filmformat35 mm
OriginalsproochEnglesch,
Japanesch,
Franséisch
Ekipp
RegieChristopher Nolan
DréibuchChristopher Nolan
FotografieWally Pfister
MusekHans Zimmer
SchnëttLee Smith
ProduzentEmma Thomas
Christopher Nolan
Produktiouns-
gesellschaft
Warner Bros. Pictures
Legendary Pictures
Syncopy
Schauspiller
Leonardo DiCaprio als Dom Cobb
Joseph Gordon-Levitt als Arthur
Elliot Page als Ariadne
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat seng Première den 8. Juli 2010 zu London.

Ëm wat geet et am Film änneren

Den Dom Cobb (Leonardo DiCaprio) ass e professionellen Déif, deen u Saachen erukënnt, an deem e wichteg Informatiounen dodriwwer aus sengen Affer hirem Ënnerbewosstsinn erauskritt. Dat geléngt em, andeem en déi duerch eng Technik infiltréiert, déi an der Tëschewelt tëscht Waach-Sinn an Dram ugesidelt ass. Hie kritt eng Propos, dass seng kriminell Vergaangenheet geläscht géif, wann en enger Zilpersoun e bestëmmte Gedanke géif implantéieren, ouni dass déi et mierkt...

Produktioun änneren

Inception huet weltwäit iwwer 828 Milliounen Dollar agespillt. De Film huet 4 Oscare gewonnen: (Bescht Kamera, beschten Tounschnëtt, beschten Toun-Mixage, bescht visuell Effekter), a war fir 4 weiderer nominéiert.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Inception
  2. OSCAR: Chris Nolan Q&A About 'Inception'