Dorado (Stärebild)

De Schwäertfësch, laténgesch Dorado ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Dorado
Lëtzebuergeschen NummDorado oder Schwäertfësch
Laténgeschen NummDorado
Laténgesche GeenitivDoradus
Laténgesch OfkierzungDor
Positiounsüdlechen Himmel
Rektaszensioun3h 53m bis 6h 36
Deklinatioun-48° 40’ bis -70° 05’
Fläch179 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden20° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Doradus,
3,27m
Meteorstréim-
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Caelum
Horologium
Reticulum
Hydrus
Mensa
Piscis Austrinus
Pictor
Kaart vum Stärebild Dorado

Beschreiwung änneren

Den Dorado ass kee markant Stärebild. Et besteet aus e puer Stären, déi sou ausgesinn, wéi wa si un enger Päreleschnouer géifen hänken. D'Stärebild ass südwestlech vum Canopus, deem zweethellste Stär um Südhimmel, ze fannen.

Am Dorado ass och de gréissten Deel vun der Grousser Magellanescher Wollek ze fannen.

Wéinst senger südlecher Positioun kann dat Stärebild net vun Europa aus gesi ginn.

Geschicht änneren

Den Dorado ass eent vun deenen 12 Stärebiller, déi um Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. Fréier huet dat Stärebild "Goldfësch" geheescht. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria opgeholl.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

BFNimm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
α3,30m200A0 III
β3,5 bis 4,1m8000F8 Ia
γ4,26m70F3 V
δ4,34m
364,65m
ζ4,71m
θ4,81m
η25,01m
ν5,06m
ε5,10m
λ5,14m
κ5,28m
285,34m
π25,37m
π15,56m
η15,72m

Den α  Doradus, den hellste Stär am Dorado, ass 200 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass A0 III.

Verännerlech Stären änneren

StärGréisstPeriodTyp
β3,5m–4,1m9,842 DeegCepheiden

Den β Doradus ass ee verännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech mat enger Period vun 9,842 Deeg. De Stär läit 8.000 Liichtjoer vun eis ewech

NGC-Objeten änneren

NGCdiversGréisstTypNumm
LMC5mGalaxieGrouss Magellanesch Wollek
15499,8mGalaxie
15539,4mGalaxie
15669,7mGalaxie
16729,7mGalaxie
1755Kugelstärekoup
1763Emissiounsniwwel
1820Oppene Stärekoup
1850Kugelstärekoup
1854Kugelstärekoup
1869Oppene Stärekoup
1901Oppene Stärekoup
1910Oppene Stärekoup
1936Emissiounsniwwel
1974Stärekoup
1978Oppene Stärekoup
2002Oppene Stärekoup
2027Oppene Stärekoup
2032Emissiounsniwwel
20705,4mEmissiounsniwwelTarantelniwwel
208010,42mEmissiounsniwwel
2157Oppene Stärekoup
2164Kugelstärekoup

Déi Grouss Magellanesch Wollek (englesch: Large Magellan Cloude (LMC)) ass den hellsten a gréissten niwwelegen Objet um Nuetshimmel. Den Niwwel huet eng Ausdeenung vu 5-mol 6°. Et handelt sech ëm eng kleng Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss op enger Distanz vun zirka 160.000 Liichtjoer. An hir si vill Stärekéip an Niwwelen, wéi z. B. den Tarantelniwwel. Am Joer 1987 war do eng Supernova opgetrueden, si war déi äerdnoosten zanter 383 Joer.

Den Tarantelniwwel (NGC 2070) ass en Emissiounsniwwel an der Grousser Magellanescher Wollek an 160.000 Liichtjoer vun eis ewech. Den Niwwel huet déi 5.000fach Liichtkraaft vum Orionniwwel an ass de gréisste bekannten Objet vu senger Aart am Universum. D'Strukture vum Niwwel gläichen enger Spann a ginn dem Objet sou hiren Numm.

Weider fënnt een am Dorado vill Galaxien, déi ganz wäit ewech leien, z. B.: NGC 1549, NGC 1553, NGC 1566 an den NGC 1672.

Kuckt och änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Dorado – Biller, Videoen oder Audiodateien