D'Deux Chevaux oder 2CV (CV steet fir Steierpäerd) vu Citroën war nieft dem Käfer ee vun de meescht verkaaften Autoen an Europa.

Citroën 2CV
MarkCitroën
Produktiouns-
joren
1948 - 1990
Produktioun5.114.961 Stéck
KlassCitadine
FabréckenFRAFRA Levallois-Perret
FRAFRA Paräis (Javel)
PRTPRT Mangualde
Motor an Transmissioun
Motor(en)Sculpteur(en)Zweezylinder Boxer
Plaz vum MotorVir (Cantilever Ophänkung)
Hubraum375 cm³
425 cm³
435 cm³
602 cm³
Maximal Kraaft9 - 29 PS
Gewiicht a Leeschtung
Eidelt
Gewiicht
475 - 575 kg
Maximal
Vitess
60 - 115 km/h
Chassis - Carosserie
CarosserieBerline a Fourgonette
Widderstands-
koeffizient
0,52
Dimensiounen
Längt3 780 - 3 860 mm
Breet1 480 mm
Héicht1 600 mm
Achsestand2 400 mm
Spuerbreet1 480 mm
Modeller
1

Tëscht 1948 an 1990 goufen 3.872.583 Dëschewoen an 1.246.306 Liwwerweenercher op Basis vum 2CV-Chassis gebaut.

Aus der 2CV goufe spéider d'Dyane, d'Ami an de Méhari entwéckelt.

Konstruktiounsgeschicht änneren

D'Iddi fir d'2CV ze baue koum vum Pierre-Jules Boulanger Ingenieur a PDG vu Citroën an der Mëtt vun den 30er Joren. Et gouf déi Zäit nach rose wéineg Autoen op de Stroossen, dofir awer vill Päerdskutschen. Fir d'Baueren an de klenge Mann war d'Fortbeweegung mat motoriséierte Gefier nach ze deier.

De Projet TPV fir Toute petite voiture ass 1936 ugelaf. Den Design sollt vum Flaminio Bertone gemaach ginn, deen och d'Traction Avant gezeechent hat. Fir d'Technik war den Autospilot a Fligerbauer André Lefèbvre zoustänneg. Dem Boulanger seng Konditioune ware kloer: den TPV sollt spuersam an einfach ze manipuléiere sinn. E sollt véier Passagéier an eng Charge vu 50 kg kënnen transportéieren. Dobäi sollt en eng Vitess vu 60 km/h kënnen erreechen an nëmmen 3 Liter Sprit op 100 km verbrauchen.

De Boulanger deen e Perfektionist war huet sech et net huele gelooss fir déi meescht Konditioune selwer ze testen, andeems en z. B. mat engem Hutt op an den Auto geklomm ass fir ze kontrolléieren op den Daach héich genuch wier, oder en ass mat engem Kuerf voller Eeër um hënneschte Sëtz iwwer e geplout Stéck gefuer fir ze kucken op d'Fiederung elastesch genuch wier. No en ettlech Experimenter bei deene Motore vu Motorieder benotzt goufen an den Daach aus Seegelduch war, war de Modell 1939 finaliséiert. En hat e waasserkillten Zweezylindermotor dee mat enger Kierb ugeworf gouf. Obschonn d'2CV spéider en elektreschen Demarreur hat, ass d'Lach am Külergrill bliwwen. Ausser de bleche Schutzblecher an dem Daach aus Seegelduch war d'Karosserie aus engem Aluminiumsalliage gemaach. So wéi et deemools an de franséische Verkéiersreglementer virgesi war, haten dséi éischt Modeller nëmmen eng Luucht vir an eng hannen, an et goufen och keng Winkeren an de Chauffer huet misse mat der Hand wénken, wann en ofgebéit ass. Dat erkläert och zum Deel d'Klappfënstere bei deenen den ënneschten Deel einfach konnt opgemaach ginn. Déi sinn och bliwwe wéi spéider winkeren um Auto waren. Wéi schliisslech d'Produktioun ugelaf war an den Auto prett war fir um Paräisser Autossalon gewisen ze ginn, ass den Zweete Weltkrich ausgebrach. Vun den 250 Stéck déi scho produzéiert waren, goufen déi meescht zerstéiert a verschrott fir datt se den Däitschen net sollten an d'Hänn falen. Nëmmen e puer goufen auserneegebaut a sou verstoppt, e puer anerer goufen a Scheiere verstoppt. Awer och am Krich gouf an direkt duerno gouf weider um Motor entwéckelt, d'Waaserkillung gouf mat enger Loftkillung ersat a well den Aluminium wéinst dem Krich rar an deier gi war, gouf d'Karosserie schlisslech och aus Blech a Stol gemaach. Et huet du bis de 7. Oktober 1948 gedauert ier d'2CV konnt um Autossalon zu Paräis presentéiert ginn.

D'Press hat de Weenchen net ganz begeeschtert opgeholl, awer de breede Publikum hat en direkt adoptéiert. Nodeems d'Vente den 22. September 1949 ugelaf war, huet een 1950 scho misse 6 Joer waarde fir eng 2CV ze kréien. De Grond vun deem enorme Succès war zum groussen Deel den niddrege Präis, d'2CV huet nëmmen hallef sou deier wéi de VW Käfer kascht, souwéi déi niddreg Betribskäschten. Dobäi koum datt en Verglach zum Volkswon véier Dieren amplaz zwou hat a well säi Frontmotor, hanne Palz fir eng grouss Mall gelooss huet. Doriwwer eraus hat d'2CV e puer technesch Erfindungen, wéi z. B. d'Wischeren déi mat der Boîte vebonne waren. Mëtt der fofzeger Jore krutt d'Dëchewo eng Zentrifugalkupplung, sou datt ee beim Schalten d'Kupplung net méi huet brauchen ze drécken, et ass duergaangen datt een de Fouss vum Gas geoll huet.

Evolutioun änneren

Uganks der 60er Jore goungen d'Verkafszuele liicht erof wéi Renault den R4 erausbruecht huet dee méi e staarke Motor hat an eng këschtefërmeg Mall. D'Reaktioun vu Citroën koum 1967 mat der Dyane déi der 2CV geglach huet awer méi eckeg war. Se hat eng méi véiereckeg Mall an huet sech besser fuere gelooss. Den deemolege Chef vu Citroën wollt domat d'Dëchewo ersetzen, wat awer net sou richteg geklappt huet an 1984 war et mat der Produktioun vun der Dyane eriwwer, nodeems 1,4 Milioune gebaut gi waren. Hir eeler Schwëster huet s'ëm sechs Joer iwwerlieft a koum am Verkaf iwwer d'fënnef Milliounegrenz. Dobäi gouf se praktesch net verännert. Wichteg Ännerunge ware just d'Vergréisserung vum Hubraum op 375, 425 an zum Schluss 602 Kubik, an an den 80er Jore krut se vir Scheiwebremsen.

Serien änneren

ModellCodePoduktiounsdatumenBeschreiwungHubraum (cm3)
2 CVA07/49 - 07/592 CV375
2 CVAZ10/54 - 10/552 CV425
2 CVAZ10/55 - 10/582 CV425
2 CVAZ10/58 - 10/612 CV425
2 CVAZ10/61 - 04/622 CV425
2 CVAZ04/62 - 02/632 CV425
2 CVAZ (Serie A an AM)03/63 - 12/632 CV AZL & AZAM425
2 CVAZ (Serie A an AM)12/63 - 02/702 CV AZL & AZAM425
2 CVAZ (Serie A 2)02/70 - 09/752 CV 4435
2 CVAZ (Serie KB)09/75 - 09/782 CV 4435
2 CVAZ (Serie KB)09/78 - 07/792 CV Spécial435
2 CVAZ (Serie KA)02/70 - 09/752 CV 6602
2 CVAZ (Serie KA)09/75 - 09/782 CV 6602
2 CVAZ (Serie KA)09/78 - 07/792 CV 6602
2 CVAZ (Serie KA)07/79 - 07/812 CV 6 Spécial, Club602
2 CVAZ (Serie KA)07/81 - 07/902 CV Spécial, Club, Spécial E, Charleston602
2 CV 4x4 Sahara
2 CV 4x4AW03/58 - 03/632 CV 4 x 4 Sahara2 X 425
2 CV 4x4AW/AT03/63 - 07/662 CV 4 x 4 Sahara2 X 425
CV Fourgonnette
2 CV FourgonnetteAU03/51 - 10/542 CV - AU375
AZU10/54 - 12/552 CV - AZU425
AZU12/55 - 10/582 CV - AZU425
AZU10/58 - 11/612 CV - AZU425
AZU11/61 - 02/622 CV - AZU425
AZU02/62 - 03/632 CV - AZU425
AZU (série A)03/63 - 08/672 CV - AZU (séries A)425
AZU (série A)08/67 - 08/722 CV - AZU (séries A)425
AZ (série B)08/72 - 09/75Citroën 250435
AK série AP (AZU)09/75 - 02/78Citroën 250435
3 CV FourgonnetteAK04/63 - 05/68AK 350602
AK (série B)05/68 - 08/70AK 350602
AK (série AK)08/70 - 09/75AK 400602
AK (série AK)09/75 - 02/78AK 400602
AY (série CD)02/78 - 09/80Acadiane602
AY (série CD)09/80 - 07/87Acadiane602
AY (série CD modifie)09/80 - 07/87Acadiane G.P.L602

Um Spaweck änneren

Commons: Citroën 2CV – Biller, Videoen oder Audiodateien