Wiki How:WikiProjet Comics

Dëst ass d' Projetssäit iwwer Comicken, am Kader vum Benoît Majerus sengem Cours Histoire de Bulles, deen am Wantersemester 2018/19 an 2019/2020 am Bachelor en Cultures Européennes op der Uni Lëtzebuerg, ugebuede gouf, resp. gëtt.

Fir eng Iddi ze kréien, wat et scho gëtt: All d'Artikelen zum Thema "Comics" op dëser Wikipedia sinn an der Kategorie:Comics zesummegefaasst.

Wichteg Informatiounen zum Schreiwe vun Artikelen

Fir déi meescht vun Iech ass dat hei déi éischt Kéier, wou der op Wikipedia schreift. Dat ass u sech keng Hexerei, ma setzt awer viraus, datt Der Iech u bestëmmte "Spillreegelen" haalt: Well dee Moment, wou der Ären Artikel späichert, publizéiert Der en als en Deel vun engem Gemeinschaftsprojet.

Ier der mat "Ärem" Artikel lassleet, huelt Iech dofir am Virfeld e bëssen Zäit fir hei ënnendrënner déi nëtzlech Linken zu Explikatiounen, wéi d'Wikipedia funktionéiert, Konventiounen zu Formatéierung, Opbau, Stil, asw. ze liesen.

Et ass besonnesch recommandéiert, sech aner Artikelen unzekucken, wéi déi opgebaut, formatéiert a geschriwwe sinn. E gudden "Test" ass et, an engem aneren Artikel eppes z'änneren, oder e klengen neien unzeleeën, fir sech vertraut ze maachen. Méi grouss Tester kann een an der "Sandkaul" maachen, ouni datt eppes op d'Kopp geheit gëtt.

D'Orthographie vum Lëtzebuergeschen ass norméiert.

Geschwat Sprooch a geschriwwe Sprooch si verschidde Sproochregister.

Zu enger akademescher Aarbecht gehéiert e feelerfräien Text, an e Stil, deen engem universitären Niveau entsprécht.

Et gëtt dofir erwaart:

  1. Schreift Ären Artikel fir d'éischt an engem Textveraarbechtungsprogramm. Ier der en op Wikipedia setzt, loosst en duerch de Spellchecker jauwen.
  2. Iwwerliest Iech selwer e puermol. An dann nach eng Kéier. Ass dat orthographesch korrekt? Seet een dat esou? Kléngt dat gutt a flësseg? Ass dat e proppere Stil?
  3. Loggt Iech an, wann der op d'Wikipedia gitt. Da kritt der do (ganz uewen) ugewisen, ob der Messagë kritt hutt, an et gesäit een, wie wat schreift.
  4. Dann eréischt den Artikel eroplueden/uleeën. Schreift {{EnCours}} driwwer, soulaang der net fäerdeg sidd. Da loossen déi aner d'Fangeren dervun, an et kënnt net zu Versiounskonflikter.
  5. Formatéiert en no de Wikireegelen - Iwwerschrëften, fett, kursiv, Referenzen, asw. (kuckt ënnen).
  6. Diakritesch Zeechen sinn am Lëtzebuergesche keng Dekoratioun, an och net optional; "frei", "fréi" a "fräi" ass net dat selwecht. Benotzt se, wou se higehéieren.
  7. Applizéiert dono d' 'Wiki-Prinzip' am Klengen: Schwätzt Iech zu 2-4 of, fir Iech géigesäiteg z'iwwerliesen an ze verbesseren (oder ze beschwätzen wat eventuell nach besser ze maachen ass). Besonnesch sief dat recommandéiert fir déi, déi Lëtzebuergesch net als éischt Sprooch ("Mammesprooch") hunn, datt si sech hiren Text vun engem Mammesproochler ukucke loossen.

Wat net toleréiert gëtt:

  • En Artikel einfach dohisetzen an dann näischt méi dru maachen, och wann aner User op der Diskussiounssäit drop hiweisen, wat onbedéngt nach ze änneren/verbessern ass.
  • E Stil, dee vum Sproochregëster hier éischter an d'Kategorie "Whatsapp Messenger" wéi "wëssenschaftlech-sachlechen Text" fällt.
  • Texter, déi sech net un d'Basisreegele vun der Orthographie halen, oder déi offensichtlech keng eenzeg Kéier iwwerlies goufen.

Esou Artikele riskéieren, geläscht ze ginn.

Der kënnt allzäit Froen un aner Mataarbechter stellen (op der Diskussiounssäit vun Ärem Artikel), Der kritt dann och duer g'äntwert. Zéckt net!

E grousse Merci fir Är Mataarbecht, a vill Succès gewënscht!


Auteuren an Artikelen

Hei drënner stinn d'Nimm (Pseudonymen) vun den Auteure vun den Artikelen, déi am Kader vun deem Cours geschriwwe ginn, a vun den Artikelen, déi se op dëser Wiki geschriwwen hunn. Eng extern Lëscht mat den Artikelen, déi am Kader vum Cours realiséiert goufen, ass hei ze fannen.

002019 / 2020

AuteurArtikel(en)
Jennifer JacqueminPowerpuff Girls
Prentic IrfatMonkey D. Ruffy
Mulic ArminDer rote Puma und Superjhemp...Krossen Ouwer!!
Massoutre CindyThe Walking Dead
Glesener PhilippeGian Alfonso Pacinotti
Schwarz MauriceAdopekid Comix
Juchem BenjaminLéon la Came
Boettel LucaDen Astérix bei den Helveten
MélinaWanFairy Tail
LisaNLSuperjhemp
Nessaya22Philippe Chappius (Zep)
LuxusbuergerDéck Mënz fir de Prënz
DériséeKumiyo Maurel
Helena Vieira Da SilvaDōkyūsei
Tim EwertTintin au Congo
Swiro615Betty Boop
Jeff DondelingerBerserk (Manga)
Ferreira.MatiasSaint Seiya
SilvaJessJunji Itō



An anere Sproochen

AuteurArtikel(en)Wikipedia
Anne FeltzJune Tarpé Millsde:
Liz WeisDraft:Vietnamerica (Projet_Comics)en:
Rui VieiraDraft:Toyotarou (Projet_Comics)en:
Aija LivcaDraft:Steam Clean (Projet_Comics)en:
Sharon PeschDraft:What's Wrong with Secretary Kim (Webtoon)(Projet_Comics)en:
Ana FerreiraGiven (manga)fr:
Estec305Balades en philosophiefr:
26fionaNo War (bande dessinée)fr:
Tania Lopes PeixotoShōwa Genroku rakugo shinjūfr:
Gugelhupf97Tim im Irakde:
Kevin Kunnert Radiant (Comic)de:
Lea MaizieresHeartstopperfr:



002018 / 2019

AuteurArtikel(en)
Mel Jun97Akira Toriyama
Music.EmirAssassination Classroom
Alexandre Halter‎Astérix et Cléopâtre‎‎
FunkytaroDragon Ball
Irfan KoracDer Boxer
Aldin007Captain Tsubasa
Basic.ErnestRolf Kauka
LanGi94Flash (Barry Allen)
Robert Kanigher
Carmine Infantino‎‎
DC Comics
‎SchSt103Hergé
Cuveliers_DavidIron Man
Heiphi1997Lucky Luke (Comic-Serie)
Lucky Luke (Personnage)
Raph226Bakuman
BacKr020Akatsuki no Yona
Michael.WantzGarfield
Jim Davis (Comicszeechner)
Ferreira Figueiredo Joao PauloDetektiv Conan
Ilaria ComesSpiderman
Alex LepesantAya de Yopougon
Joanna VanderkerkenSabrina d'Teenage Hex
Theto22Deadpool
Anna MonacoTiteuf
Zep
Maurice KriegerLegion (David Charles Haller)
Mandy NourissierAlbert Uderzo
Dan MorCoAlan Moore
Emrah AdrovicWatchmen
DamienSchmitYu-Gi-Oh!
Bob RommOverlord (Manga)
Ribma97Captain America
Pereira JessicaWonder Woman
GillesThMarvel Comics
EmmanuelDecOne Punch Man
Monteiro De Jesus KimDeath Note
SackmannL96Hulk
Schwarmes Jean-ClaudeTokyo Ghoul
JackieMCZMaus (Comicroman)

Artikelen zum Thema, déi zousätzlech baussent dem Unisseminar vun anere Mataarbechter geschriwwe goufen:


Nei dobäi ?

Wichteg Froen

Fir Lieser

Fir Auteuren

Reegelen

Wikipedia intern

En Artikel änneren

Wichteg Froen

Auteur ginn

Umellen  · Astellungen (de) · De Suivi (de) · Signatur

Artikel & Text

Änneren · En neien Artikel schreiwen · Artikelversiounen · Nees hierstellen (de) · Formatéieren (de) · Linken · Weiderleeden (de) · Ëmbenennen · Kommentare vun der Aarbecht (de)

Lëschten & Tabellen

Lëschten · Inhaltsverzeechnes · Tabellen · Titelskeletter

Bild & Toun

Biller · Dateien · Kaarten · Wopen · Audio · Video · Billerrechter · Lizenzschabloune fir Biller

Reegelen & Richtlinnen

Grondreegelen

Allgemeng Richtlinnen · Wat Wikipedia net ass · Neutralitéit · Copyright · Wikiquette

Artikelinhalt

Mindestufuederungen · Stilkonventiounen · Artikel illustréieren · Quellen · Literatur · Referenzen an Notten · D'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen ·

Formatéierung

Typographie · Zitater · Formatvirlagen · Titelskeletter

Systematik

Artikelnumm-Konventiounen · Begrëffserklärungen · Lëschten · Kategorien

Linken

Verlinken · Um Spaweck  · Assoziativ Linken · Datebanklinken

Wikipedia & Communautéit

Wichteg Froen

Informatiounen

Press · Glossar · Index · Impressum · Kontakt

Iwwer Wiki How

Wikimedia an d'Duechterprojeten · Sproochen · Statistik · Ierbessenzielereien

Kommunikatioun

De Staminee

Benotzer

D'Wikipedianer · Administrateuren · Bürokraten · Benotzer