Tübingen ass eng däitsch Universitéitsstad am Bundesland Baden-Württemberg. D'Stad läit ronn 40 km südlech vu Stuttgart.

Tübingen
Tübingen um Neckar
LandDäitschland
BundeslandBaden-Württemberg
RegierungsbezierkTübingen
KreesTübingen
Awunner92.811
 (31. Dezember 2022)
Fläch10 812 ha
Héicht338 m
Koordinaten48°31'12"N, 9°3'20"O
Telefonszon07071
Postcode72070
Websäithttps://www.tuebingen.de/
Jumelage matAix-en-Provence, Ann Arbor, Durham, Perugia, Kingersheim

Tübingen ass eng Kreesstad an déi gréisst Stad vum Landkrees Tübingen. Et ass och de Sëtz vum Regierungspresidium an ass zesumme mat der Nopeschstad Reutlingen ee vun de 14 Oberzentre vum Land. Zanter dem 1. Abrëll 1956 ass Tübingen Grouss Kreesstad.

D'Liewen an der Stad gëtt dominéiert vun de gutt 24.000 Studenten, vun deenen der ongeféier 15.000 zu Tübingen wunnen. Dohier huet Tübingen déi niddregst Altersmoyenne vun alle Stied an Däitschland.

De 15. Juni 2012 ass d'Eberhard Karls Universitéit Tübingen zu enger vun den däitschen Elite-Universitéiten ernannt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Tübingen – Biller, Videoen oder Audiodateien