John Bird
Den John Bird, gebuer 1709 zu Bishop Auckland an der Grofschaft Durham a gestuerwen den 31. Mäerz 1776 zu London, war en engleschen Astronom a Fabrikant vu wëssenschaftlechen Instrumenter.
John Bird | |
---|---|
Gebuer | 1709 Grofschaft Durham |
Gestuerwen | 31. Mäerz 1776 |
Nationalitéit | Kinnekräich Groussbritannien |
Aktivitéit | Astronom |
De Bird huet wichteg Fortschrëtter an der Entwécklung vun astronomeschen Instrumenter gemaach. Verschidden Instrumenter goufe vum Jeremiah Dixon agesat. Ee vun him entwéckelten astronomesche Quadrant gouf vum James Cook op Tahiti gebraucht fir de Venustransit am Juni 1769 z'observéieren. Observatoiren déi e Mauerquadrant vum Bird kruten, waren: 1750 de Royal Greenwich Observatory, 1756 den Observatoire Göttingen, 1768 de Berliner Observatoire, 1772 de Radcliffe Observatoire zu Oxford an am Joer 1776 den Observatoire Mannheim.
Um Spaweck änneren
🔥 Top keywords: HaaptsäitSpezial:Rezent ÄnnerungenBulgarienMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Spezial:SichenAmalia vu Sachsen-Weimar-EisenachWikipedia:CommunautéitssäitZweete WeltkrichZesummen - d'Bréck3. FebruarWikipedia:Iwwer d'Wiki HowTréierEugène MoussetWikipedia:De StamineeLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderWikipedia:KontaktWiki How14. DezemberPierre-Marc KnaffWikipedia:HëllefKategorie:Membere vun der Académie des beaux-arts (Frankräich)Lëtzebuerg (Land)Blue (Film 1968)EuroBenotzer Diskussioun:RobbyStater TramPol LeursWilliam BouguereauAna Correia da VeigaNationale VëlosreseauWikipedia:WëllkommDe FeierwonRaymond Petit (Resistenzler)Wikipedia:AktualitéitWikipedia:General disclaimerFeilEd LauterBrigitte BierleinPortal:Musek