Ixelles / Elsene

belsch Gemeng
(Virugeleet vu(n) Ixelles)

Ixelles op Franséisch, Elsene op Hollännesch, ass eng belsch Gemeng an der Haaptstadregioun Bréissel.

Ixelles - Elsene
LandBelsch
Regioun Haaptstadregioun Bréissel
Communautéit Franséisch Communautéit
Flämesch Communautéit
Provënzkeng
ArrondissementBréissel
Awunner87.632 (1. Januar 2020)
Fläch634
Koordinaten50° 49’ 00’’ N
      04° 22’ 00’’ O
Telefonszon02
Postcode1050
Websäithttps://www.ixelles.be

Ixelles huet eng Fläch vu 6,34 km², eng 85.541 Awunner a läit am Süd-Oste vun der Stad Bréissel. Besonnesch ass hir Form: Si gëtt duerch d'Avenue Louise (an d'Terrainen op béide Säiten dovun) an zwee gespléckt; d'Avenue Louise ass nämlech en Deel vun der Gemeng Bréissel.

Zu Ixelles sinn d'Campusse vun der Université Libre de Bruxelles (ULB) an der Vrije Universiteit Brussel (VUB).

Bekannt Plazen änneren

  • Cimetière d'Ixelles
  • Étangs d'Ixelles mat der Abbaye de la Cambre
  • Place Eugène Flagey mam Kulturetablissement Flagey
  • Place du Luxembourg
  • Place du Chatelain

Um Spaweck änneren

Commons: Ixelles – Biller, Videoen oder Audiodateien