Diphthong
duebele Laut aus zwee verschiddene Vokale bannent enger eenzeger Silb
äi…
En Diphthong (vum aalgriicheschen δίς d ios, 'zweemol' an φθόγγος phth tingos, 'Laut') ass en duebele Laut aus zwéi verschiddene Vokale bannent enger eenzeger Silb.
Am Lëtzebuergesche gëtt et dës aacht Diphthongen:
Diphthong | IPA | Beispill | Aussprooch wéi am Franséische fir… | Bemierkung |
---|---|---|---|---|
ai ei | [ɑɪ] | Mais, Raiber Bei, Feier | bail | De phoneeteschen Diphthong [ɑɪ] gëtt entweeder mat ei oder ai geschriwwen; ai steet als Ëmlaut vum au. Beispiller: Maus – Mais; haut – haiteg. Den ai steet och bei Pai fir dat franséischt paye. An all den anere Wierder steet ei fir phoneetesch [ɑɪ]. |
au | [ɑʊ] | Auer, haut | caoutchouc | |
[æːʊ] | Maul, Haut | gëtt et am Franséischen net | ||
äi | [æːɪ] | kräischen, Äis | gëtt et am Franséischen net | Den äi kann och als Ëmlaut vum au stoen. Beispiller: Fauscht – Fäischt; dauschen – Gedäisch |
éi | [ɜɪ] | fréier, Kéier | payer | |
ie | [iə] | friem, Biesem | gëtt et am Franséischen net | |
ou | [əʊ] | grouss, lounen | gëtt et am Franséischen net | |
ue | [uə] | Kueder, lues | gëtt et am Franséischen net |
Ausnamen änneren
- Wa bei engem Wuert dat mat engem Vokal ophält, eng Endung ewéi -er oder -en drugehaange gëtt, dann entsteet keen Diphthong. An deem Fall ginn d'Vokaler getrennt ausgeschwat (Hiatus): Aen, e bloen Hutt, doen, knaen, Plien, Prabbelien, Statuen, Suen.
- Bei de Wierder Moien, moies ass de Laut [ɔj] keen Diphthong, well e sech op zwou Silbe verdeelt.
- An enger Rëtsch Friemwierder steet oi oder oy fir den Diphthong [ɔɪ]: Boiler, Boykott, Koi, Konvoi, Spoiler.
Kuckt och änneren
Literatur änneren
- Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2
Um Spaweck änneren
- D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8
🔥 Top keywords: HaaptsäitSpezial:Rezent ÄnnerungenPleonasmusMontanaSpezial:SichenWikipedia:KontaktWikipedia:Iwwer d'Wiki HowWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:HëllefLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderZweete WeltkrichBenotzer Diskussioun:WikiBayerCorinna HarfouchViale Bligny (Milano)Wiki HowDer PassfälscherWikipedia:General disclaimerWikipedia:FAQ ParticipantenLëtzebuerg (Land)Zousazschëld Modell 5Maggie ParkeStater TramWikipedia:WëllkommLëtzebuergeschBenotzer Diskussioun:RobbyPol LeursWikipedia:AktualitéitISBNWikipedia:PortalerWikipedia:ImpressumAmalia vu Sachsen-Weimar-EisenachWikipedia:De StamineeBenotzer Diskussioun:Codename NoresteMailandMakadammenZousazschëld Modell 1Politesch KorrektheetFaustiEd Lauter