Carl Alvar Wirtanen

US-amerikaneschen Astronom

De Carl Alvar Wirtanen, gebuer den 11. November 1910 zu Kenosha, (Wisconsin, USA), a gestuerwen de 7. Mäerz 1990 zu Santa Cruz (Kalifornien)), war en US-amerikaneschen Astronom.

Carl Alvar Wirtanen
Gebuer11. November 1910
Kenosha
Gestuerwen7. Mäerz 1990
Santa Cruz
NationalitéitUSA
EducatiounUniversitéit vu Virginia
AktivitéitAstronom
Entdeckt Asteroiden: 8
(1600) Vyssotsky22. Oktober 1947
(1685) Toro17. Juli 1948
(1747) Wright14. Juli 1947
(1863) Antinous7. Mäerz 1948
(1951) Lick26. Juli 1949
(2044) Wirt8. November 1950
(6107) Osterbrock14. Januar 1948
(29075) 1950 DA22. Februar 1950

De Wirtanen hat Astronomie, Physik a Mathematik op der University of Virginia studéiert. 1939 krut hien do de Master-Titel an huet weider am McCormick-Observatoire vun der University of Virginia geschafft. Vun 1941 bis 1978 war hien am Lick-Observatoire vun der University of California um Mt. Hamilton (Kalifornien) ugestallt, mat enger Ënnerbriechung am Zweete Weltkrich, wärend där hie Fuerschungen an der Ballistik gemaach huet. De Wirtanen war am Lick-Observatoire Observateur a Fuerschungsassistent an huet en etlech grouss Observatiounsprogrammer matgemaach.

De Wirtanen hat och fënnef Koméiten entdeckt, vun deenen dee bekanntsten de periodesche Koméit 46P/Wirtanen dierft sinn, an aacht Asteroiden. Zesumme mam Charles Donald Shane, deemools Direkter vum Lick-Observatoire, huet hien eng Zielung vun ongeféier 1 Millioun Galaxië vum nërdleche Stärenhimmel (Shane-Wirtanen-Galaxienzielung) opgestallt. Op 1246 fotografesche Placken, déi ufanks fir de Studium vun der Eegebeweegung vu Stäre gemaach goufen, hu si mat einfachste Mëttelen d'Galaxien an 1,6 Millioune Felder vu jee 10×10 Bouminutten agedeelt a krute sou eng Virstellung vun der groussraimeger Verdeelung vu Galaxien am Universum.

Kuckt och änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck änneren