Agnetha Fältskog

D'Agnetha Åse Fältskog, gebuer de 5. Abrëll 1950 zu Jönköping, ass eng schweedesch Sängerin a Komponistin. Si ass Member vun der Popgrupp ABBA.

Agnetha Fältskog
GebuertsnummAgnetha Åse Fältskog
Gebuer5. Abrëll 1950
Jönköping
NationalitéitSchweden
AktivitéitAutobiograph, Komponist, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler, Popsänger
Member vunABBA
Famill
Bestuet matBjörn Ulvaeus

Vun 1973 un, a besonnesch nom Eurovision Song Contest, dee si zesumme mat ABBA mam Lidd Waterloo an England 1974 gewonnen huet, hat si weider mat der Grupp groussen internationalen Erfolleg. Bekannt Lidder sinn z. B. Dancing Queen, SOS, Mamma Mia, The Winner Takes It All. Si gouf nieft hire Kolleegen zu engem weltwäit bekannte Star vun der Popmusekszeen an den 1970er an 1980er Joren.

Si war mam Björn Ulvaeus, och Member vun ABBA, bestuet an huet zwee Kanner.

Um Spaweck

änneren
Commons: Agnetha Fältskog – Biller, Videoen oder Audiodateien