Élisabeth Borne

D'Élisabeth Borne, gebuer den 18. Abrëll 1961 zu Paräis, ass eng franséisch Politikerin (LREM, TdP), fréier Beamtin a Managerin.

Élisabeth Borne
Gebuer18. Abrëll 1961
15. Arrondissement
NationalitéitFrankräich
EducatiounÉcole polytechnique,
École nationale des ponts et chaussées
AktivitéitPolitiker, Ingenieur, Héije Fonctionnaire
ParteiRenaissance
Famill
KannerNathan Allix

Si war vum 16. Mee 2022 bis zum Récktrëtt vun hirer Regierung, den 8. Januar 2024, Premierministesch vu Frankräich.

Virdru war si Presidentin vun der ëffentlecher Transportentreprise RATP (2015–2017), Ministesch fir Verkéier (2017–2019), fir sozial-ekologesche Changement (2019–2020) a fir Aarbecht (2020–2022).

Um Spaweck

änneren
Commons: Élisabeth Borne – Biller, Videoen oder Audiodateien