Denzel Washington

US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent

Den Denzel Hayes Washington, Jr., gebuer den 28. Dezember 1954 zu Mount Vernon, New York, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent. Hien huet bis ewell zweemol en Oscar fir déi bescht Haaptroll kritt.

Denzel Washington
Den Denzel Washington (2014)
GebuertsnummDenzel Hayes Washington, Jr.
Gebuer28. Dezember 1954
NationalitéitUSA
EducatiounFordham University
AktivitéitFilmregisseur, Filmproduzent, Filmschauspiller, Pressespriecher, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
ParteiCRP
Member vunAmerican Academy of Arts and Sciences
Famill
KannerJohn David Washington

1981 huet hie säin éischte Kinosfilm gedréint. No e puer klenge Rollen huet hien a Cry Freedom, als de Steve Biko, gespillt. 1989 hat hie mat Glory, fir seng Interpretatioun vum Zaldot Private Trip säin Duerchbroch; hien huet dofir en Oscar an e Golden Globe kritt. Weider Succès hat hien an de Spike Lee-Filmer Mo better Blues (1990) a Malcom X. An de Joren drop huet hien an enger Rëtsch vu groussen Hollywood-Produktioune matgespillt, wéi The Pelican Brief (mat der Julia Roberts); der Shakespeare-Verfilmung Much Ado about Nothing (mam am vum Kenneth Branagh) oder der AIDS-Tragedie Philadelphia (mam Tom Hanks). Et koumen no: de Cyberspace-Thriller Virtuosity (mam Russell Crowe a mam Gene Hackman), den U-Boot-Drama Crimson Tide an d'romantesch Comedie The Preacher's Wife (mat der Whitney Houston). Duerno hat hien d'Haaptroll an Courage Under Fire vum Edward Zwick, an, zesumme mam Bruce Willis, an The Siege.

1998 huet hien am Spike Lee sengem He Got Game matgespillt, 1999 am Jeffery Deaver sengem The Bone Collector an am Norman Jewison senger Verfilmung vum Boxer Rubin „Hurricane“ Carter sengem Liewen, Hurricane.

An de Joren duerno huet hie bei de Projeten Training Day (woufir e säin zweeten Oscar krut) a Remember the Titans matgespillt, mat hannendrun ë. a. de Filmer Déjà Vu, American Gangster a The Book of Eli.

De Washington huet och an zwéi Filmer Regie gefouert: 2002 bei Antwone Fisher an 2007 bei The Great Debaters.

2013 gouf hie fir Flight fir den Oscar nominéiert.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Denzel Washington – Biller, Videoen oder Audiodateien